[1] Geschwëster, wat elo d’Komme vun eisem Här Jesus Christus an eis Versammlung bei hien ugeet, esou froe mir iech,
[2] datt dir iech net séier aus der Rou bréngen an och net erféiere loosst, wann duerch e Geescht, an enger Botschaft oder an engem Bréif, deen anscheinend vun eis wier, behaapt gëtt, den Dag vum Här wier schonns komm.
[3] Loosst iech vu kengem op iergendeng Manéier irféieren. Deen Dag kënnt nämlech net, éier d’Rebellioun géint d’Wourecht kënnt an de Mënsch vun der Sënn, de Jong vum Verdierfnes, offenbar gëtt.
[4] Dee widdersetzt sech allem an erhieft sech iwwert all sougenannte Gott an iwwert alles, wat ugebiet gëtt, esou datt hie sech, wéi Gott, an den Tempel vu Gott setzt a sech als Gott ausgëtt.
[5] Kënnt dir iech net drun erënneren, datt ech iech dat gesot hunn, wéi ech nach bei iech war?
[6] Dir wësst och wat hien elo nach zeréckhält, fir datt hien eréischt zu senger Zäit offenbar gëtt.
[7] Déi verstoppte Weeër vun der Gesetzlosegkeet si schonns um Wierk. Mee deen, dee si zeréckhält, mécht dat esoulaang, bis hien aus dem Wee geraumt ass.
[8] Da kënnt de Gesetzlose zum Virschäin, deen den Här duerch den Otem aus sengem Mond zerstéiert an duerch d’Herrlechkeet vu sengem Kommen op en Enn bréngt.
[9] Hannert dem Komme vum Gesetzlosen steet de Satan mat sengem Wierken, mat allméigleche Kräften, Zeechen a falsche Wonner,
[10] a mat jidder ongerechter Täuschung ënnert deenen, déi verluer ginn. Si gi verluer, well si d’Léift fir d’Wourecht, déi si hätt rette kënnen, net wollten unhuelen.
[11] Dofir schéckt Gott hinnen eng Muecht, déi irféiert, fir datt si der Lige gleewen.
[12] Esou ginn all déi geriicht, déi der Wourecht net gegleeft hunn, mee sech un der Ongerechtegkeet gefreet hunn.
[13] Mir awer musse Gott ëmmer fir iech Merci soen, datt Gott iech vun Ufank u fir d’Rettung auserwielt huet, Geschwëster, déi den Här gär huet. Dës Rettung geschitt duerch de Geescht, deen helleg mécht, an duerch de Glawen un d’Wourecht.
[14] Hien huet iech duerch eis gutt Noriicht an dës Rettung beruff, fir datt dir d’Herrlechkeet vun eisem Här Jesus Christus kritt.
[15] Geschwëster, sidd dofir standhaft an haalt un de Bräich fest, déi mir iech bäibruecht hunn, sief et duerch eis Rieden oder eise Bréif.
[16] Eisen Här Jesus Christus selwer (a Gott, eise Papp), deen eis gär huet an eis éiwegen Trouscht a gutt Hoffnung duerch seng Gnod ginn huet,
[17] soll är Häerzer tréischten an iech fir all gutt Wuert an Dot stäerken.