Skip to content
Opens in a new window

[1] Et goufen awer och falsch Prophéiten ënnert dem Vollek, geneesou wéi et och ënnert iech an Zukunft falsch Léiermeeschtere ginn, déi heemlech falsch Léieren, déi zerstéieren, aféieren an déi esouguer den Här, dee si kaf huet, leegnen. Doduerch brénge si séier d’Zerstéierung iwwert sech selwer.

[2] Et ginn der vill hirem verduerwene Liewen no. Wéinst deene gëtt de Wee vun der Wourecht a Verruff bruecht.

[3] Si wëlle wéinst hirer Rangstegkeet mat erfonnte Geschichte vun iech profitéieren. Hiert Geriicht, dat viru laanger Zäit virausbestëmmt gouf, léisst net op sech waarden an hir Zerstéierung schléift net.

[4] Gott huet d’Engelen, déi gesënnegt haten, net verschount, mee huet si an d’Ënnerwelt gehäit an hält si do a Ketten an der Däischtert fest bis zum Geriicht.

[5] Hien huet déi al Welt net verschount, mee huet nëmmen den Noach, de Priedeger vun der Gerechtegkeet, deen ee vun aacht war, geschützt, wéi hien d’Flut op déi gottlos Welt komme gelooss huet.

[6] Hien huet d’Stied Sodom a Gomorra zu Äsche verbrannt, wéi hie si zur Zerstéierung veruerteelt huet a si esou zu engem Beispill fir déi zukünfteg Gottlos gemaach huet.

[7] Hien huet de gerechte Lot, dee wéinst dem verduerwene Liewe vun de gesetzlose Mënsche bedréckt war, gerett.

[8] (Wéi hien nämlech Dag fir Dag ënnert hinne gelieft huet, war d’gerecht Séil vun dësem Gerechte wéinst de gesetzlosen Doten, déi hie gesinn an héieren huet, gepéngegt.)

[9] Wa Gott dat alles gemaach huet, da weess den Här, wéi hien déi Fromm aus der Prouf rette kann a wéi hien déi Ongerecht festhale ka fir d’Bestrofung um Dag vum Geriicht.

[10] Dat gëllt besonnesch fir déi, déi den onrenge Begierlechkeete vum Läif noginn an déi Autoritéit veruechten. Si si kéng an arrogant an hu keng Angscht, fir déi herrlech Engelen ze lästeren.

[11] Mee Engelen, déi méi staark a méi mächteg wéi si sinn, bréngen emol kee frecht Uerteel géint si virun den Här.

[12] Dës Mënsche sinn ewéi onverstänneg Déieren aus der Natur, déi dofir gemaach goufen, fir agefaangen an zerstéiert ze ginn. Si schwätze béis iwwert dat, wat si net verstinn, a kommen an hirer eegener Zerstéierung ëm.

[13] Si kréien de Loun fir d’Ongerechtegkeet. Si mengen, en Dag voller Orgie wier e Pleséier. Si sinn en Hohn an eng Schan, well si hiren eegene Bedruch genéissen, wa si mat iech feieren.

[14] Si sinn ëmmer op der Sich no Fraen, fir kënne friemzegoen, an halen net op ze sënnegen. Si féiere labil Mënschen ir. Si hunn hir Häerzer an der Rangstegkeet geüübt, dës verfluchte Kanner!

[15] Si hunn de riichte Wee verlooss an hu sech irféiere gelooss, well si dem Wee vum Bilam, dem Jong vum Beor, nogaange sinn, deen de Loun vun der Ongerechtegkeet gär hat.

[16] Hie gouf awer wéinst senger eegener Gesetzlosegkeet zurechtgewisen: E stomme Kéizeniesel hat jo mat enger mënschlecher Stëmm geschwat an hat esou de Prophéit vu senger Verrécktheet ofgehalen.

[17] Dës Leit sinn ewéi Quellen ouni Waasser, wéi Wolleken, déi vun engem Stuerm gedriwwe ginn. Fir si ass déi déifsten Däischtert fir ëmmer bestëmmt ginn.

[18] Andeems si eidel an opgeblose Rieden halen, lackele si mat physesche Begierlechkeeten a mat engem verduerwene Liewe Leit un, déi tatsächlech deenen entkomm sinn, déi am Iertum liewen.

[19] Si verspriechen hinne Fräiheet, mee si si selwer dem Verdierfnes versklaavt. E Mënsch ass nämlech Sklav vun deem, wat hie beherrscht.

[20] Wa si sech nees am Knascht vun der Welt verstrécken an dovunner iwwerwältegt ginn, nodeems si virun deem Knascht duerch d’Erkenntnes vun eisem Här a Retter, dem Jesus Christus, geflücht sinn, dann ass dee leschten Zoustand méi schlëmm fir si wéi deen éischten.

[21] Et wier besser fir si gewiescht, wa si de Wee vun der Gerechtegkeet ni kannt hätten, wéi en erkannt ze hunn an duerno dem hellege Gebot, dat hinnen uvertraut gouf, de Réck ze dréien.

[22] D’Spréchwuert ass an hirem Fall wouer: „Den Hond kënnt bei säin eegene Katz zeréck; eng Sau, déi gewäsch ass, wenzelt sech nees am Bulli.“ (Spréch 26,11)

Den zweete Bréif vum Péitrus — Chapters