[1] Vum Eelsten un de Gaius, deen ech oprichteg wéinst der Wourecht gär hunn.
[2] Léiwe Brudder, ech bieden, datt et dir an allem gutt geet an datt s du bei gudder Gesondheet bass, geneesou wéi et denger Séil gutt geet.
[3] Ech hu mech nämlech immens doriwwer gefreet, wéi Bridder koumen an iwwert d’Wourecht, déi an dir ass, ausgesot hunn. Si hu verzielt, wéi s du an der Wourecht liefs.
[4] Et war mir och eng immens grouss Freed, fir ze héieren, datt meng Kanner an der Wourecht liewen.
[5] Léiwe Brudder, dat, wat s du méchs, méchs du trei fir d’Bridder a fir Friemer.
[6] Si hu virun der Gemeinschaft iwwert deng Léift ausgesot. Du dees gutt drun, si esou fir hir Weiderrees auszestafféieren, wéi et Gott wierdeg ass.
[7] Si sinn nämlech wéinst sengem Numm ausgezunn, ouni eppes vun Ongleewegen unzehuelen.
[8] Dowéinst solle mir esou Leit bei eis ophuelen, fir datt mir Mataarbechter fir d’Wourecht ginn.
[9] Ech hunn der Gemeinschaft geschriwwen, mee den Diotrephes, deen ënnert hinnen ëmmer den Éischte wëllt sinn, hëlt eis net un.
[10] Dofir, falls ech komme sollt, bréngen ech alles, wat hie mécht, zur Sprooch: Hie stëppelt mat béise Wierder géint eis an hie gëtt sech domat nach net zefridden; hien hëlt och nach d’Bridder net bei sech op a verbitt et deenen och nach, déi et wéilte maachen, andeems hie si aus der Gemeinschaft erausgehäit.
[11] Léiwe Brudder, imitéier net dat Béist, mee dat Gutt. Wie Guddes deet, ass vu Gott; wie Béises deet, huet Gott net erkannt.
[12] Jidderee seet gutt iwwert den Demetrius aus, esouguer d’Wourecht selwer. Och mir bezeien dat an dir wësst, datt eis Ausso wouer ass.
[13] Ech hunn dir nach vill ze schreiwen, mee ech wëll dir léiwer net mat Tënt a Stëft schreiwen.
[14] Ech hoffen, datt ech dech geschwënn ze gesi kréien an datt mir ënnert véier Ae schwätze kënnen. Fridde sief mat dir! D’Frënn gréissen dech. Gréiss och all Frënd perséinlech.