About
Virun engem Mount hate mir iech mat an der Véronique Kolber hier nei Foto-Expo am Konschtzentrum Dominique Lang zu Diddeléng geholl. Ënnert dem Titel “Deceptively quiet - d’Rou täuscht” thematiséiert d’Fotografin hier posttraumatesch Erfarung: 1 Joer nodeems hier Duechter ganz uerg blesséiert gi war, konnt si 6 Méint laang net méi schlofen. Fir sech ofzelenken, huet si Selfië gemaach; um Enn hat si eng 3’000 Opnamen zesummen, op deenen net si, ma bal apathesch bal gerëselt Francis-Bacon- bis David Lynch änlech Fratzen an der Däischtert ze erkenne sinn. Gëschter owend hat d’Véronique Kolber de Psycholog Sacha Bachim fir eng Konferenz an hier Expo invitéiert. D’Kerstin Thalau war do an ass méi iwwert d’Relatioun Trauma a Konscht gewuer ginn.