Skip to content
zeno
Create a Station
Explore
Podcasts
Audiobooks
Bible
By Genre
By Location
By Language
Religious
Music
News
Download App
Opens in a new window
Toggle Sidebar
zeno
Radio 100,7
Kultur
News
Luxembourgish
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Website
Episodes
Episodes
50
29 October 2026
Dräi Hobbydetektiven op der Sich no engem Mäerder
E Mord am eegene Wunngebai gëtt fir dräi Noperen zu New York den Ufank vun enger ongewéinlecher Frëndschaft – an engem True-Crime-Podcast. Am Serientipp stellt d'Alannah Meyrath d'Serie Only Murders in the Building vir an erkläert, wat se esou spannend a gläichzäiteg witzeg mécht.
29 October 2026
"Nous aussi" vun der Anne Godard
Der Anne Godard hire Roman "Nous aussi" huet als ee vun de Favoritte vum Prix Goncourt gegollt. Leider huet en et net an déi lescht Selektioun vum prestigiéise Präis gepackt, wéi den Dënschde verkënnegt gouf. Op genee deem Dag huet en awer een anere Präis kritt: de Prix Décembre. De Jeff Schinker ass haut beim Marc Clement am Studio, fir eng Analyse vun der Shortlëscht vum Goncourt a vum Roman...
29 October 2026
Lëtzebuerger Buchpräis 2026
Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg gëtt den 19. November de Lëtzebuerger Buchpräis an dräi Kategorie verginn. Wéi eng Bicher op der Shortlëscht stinn, gëtt haut publizéiert. Valerija Berdi mat Detailer.Kategorie „Literatur“„Spawecken“ (Kremart) vum Jemp Schuster„Angstvoll und leicht sehnsüchtig“ (Hydre-Verlag) vum Emma Braslavsky, Luc François, Anja Kümmel und Benjamin von Wyl„Enfanter une...
29 October 2026
Lëtzebuerger Buchpräis 2026
Am Virfeld vun de Walfer Bicherdeeg gëtt den 19. November de Lëtzebuerger Buchpräis an dräi Kategorie verginn. Wéi eng Bicher op der Shortlëscht stinn, gëtt haut publizéiert. Valerija Berdi mat Detailer.Kategorie „Literatur“„Spawecken“ (Kremart) vum Jemp Schuster„Angstvoll und leicht sehnsüchtig“ (Hydre-Verlag) vum Emma Braslavsky, Luc François, Anja Kümmel und Benjamin von Wyl„Enfanter une...
29 October 2026
Filmkritik "Moulin"
De Face-à-face tëschent dem Organisateur vun der franséischer Resistenz Jean Moulin (Gilles Lellouch) an dem Gestapo-Chef vu Lyon Klaus Barbie (Lars Eidinger) steet am Mëttelpunkt vu "Moulin". A sengem historeschen Drama konzentréiert sech den ungaresche Cineast László Nemes op déi lescht Wochen a Méint vum grousse Widderstandskämpfer. De Michel Delage huet de Film gesinn.
29 October 2026
Wat et fir e Stierflechen heescht, ze liewen
An eise Kinoen ass des Woch déi extravagant Horror-Farce "Die Blutgräfin" ugelaf. Dës Lëtzebuerger Amour fou Co-Produktioun ass d'Wierk vun der däitscher Avant-garde-Kënschtlerin Ulrike Ottinger. D'Roll vun der Vampirin, déi am zäitgenëssesche Wien erwächt fir do hiert Onwiesen ze dreiwen, ass der Filmdiva Isabelle Huppert op Mooss geschneidert. De Michel Delage huet um Luxfilmfest am Mäerz mat...
28 October 2026
Nea Lone - Mayday
Nea Lone ass de Projet vun der Organistin Nadja Prange, an hiren éischten Optrëtt den 13. August 2013 um Pangea-In-Love-Festival zu Ëlwen. Si spillt och nach an aner Formatioune wéi z. B. bei Fred Barreto Group an Nicool. Bis 2023 huet si och bei Le Vibe matgespillt. Mir schwätze mat hir iwwert hir lescht Single “Mayday” a kréien ee Scoop op... en Album.
28 October 2026
"Constellations" aus dem Point Nemo Verlag
Sechs Dichter:innen a fënnef Kënschter:innen aus der Bildender Konscht an Architektur sinn an den Dialog getrueden, woubäi jiddereen de Sujet vum eegne Bäitrag konnt auswielen. Dobäi ass d‘Buch mam Titel „Constellations“ eraus komm, dat am Point Nemo Verlag eraus komm ass. Valerija Berdi mat Detailer.
28 October 2026
ESAL2026 fir d’Alexandra Uppman an d’Nazanin Hafez
Gëschter Owend war am Mudam Edward-Steichen-Award-Zeremonie: Laureatinne sinn déi zwou plastesch Kënschtlerinnen Alexandra Uppman an Nazanin Hafez. Beim ESAL, also dem Edward Steichen Award Luxembourg, handelt et sech net just ëm eng Trophée an/oder e Präisgeld: D'Auszeechnung beinhalt eng Konschtresidenz vu 4, respektiv 6 Méint zu New York. Dëst, well “The Big Apple” fir den Edward Steichen eng...
27 October 2026
"Sterne glänzend im angebissenen Apfel"
"Sterne glänzend im angebissenen Apfel" aus dem Wallstein Verlag spigelt de Bréifwiessel erëm, tëschent dem Peter Handke an dem däitschen Diplomat an Dichter Manfred Osten. Zwee géigesätzlech Charakteren treffen hei op eneen, bleiwen awer trotz esou muncher Differenzen iwwert Joerzéngten a Kontakt. Wat sech aus dëser Korrespondenz ergëtt, dat verréit eis elo de Léon Rinaldetti.