"Nabucco" am Groussen Theater
06 May 2026

"Nabucco" am Groussen Theater

Kultur

About
Déi epesch Oper vum Giuseppe Verdi gëtt muer den Owend (7.5.) um 7:30 Auer am Groussen Theater opgeféiert. D’Lëtzebuerger Philharmoniker spillen ënner der Baguette vum Gaetano Lo Coco an dëser moderner Mise en scène vun “Nabucco”. Deen englesch-italieeneschen Dirigent Gaetano Lo Coco erkläert ënner anerem d'Ënnerscheeder mam Originalwierk. Mat op der Bün si Mënsche mat Migratiounshannergrond, Mënschen, déi hir Heemecht verluer hunn. De Gaetano Lo Coco erkläert, firwat d’Geschicht vun “Nabucco” grad haut nach richteg relevant ass.