
About
Ufanks Februar hat den Espace_Cultures vun der Uni Lëtzebuerg en neie Konferenzzyklus lancéiert, an zwar ënner dem Titel TASTE, als Ofkierung fir “Transforming through art, science, technology”. Elo geet en, am Casino Lëtzebuerg an déi zweet Ronn. Diskussiounssujet ass “On bodies and practices”, an zwar ënner anerem mat der Kënschtlerin Justine Blau. Vu datt den éischten Debat e grousse Succès war, wollt d’Kerstin Thalau Iech nach ee vun de Participante virstellen: de Filips Stanislavskis vum Design-a-Konscht-Kollektiv Nonhuman Nonsense.