Lionel Baier am Gespréich
09 February 2026

Lionel Baier am Gespréich

Kultur

About
Déi Schwäizer-Lëtzebuerger-franséisch Filmproduktioun “La cache” ass kierzlech an eise Kinoen ugelaf. De Jeff Schinker war dem Realisateur Lionel Baier d'lescht Joer op der Berlinale begéint, wou och dëse Film gewise gouf, an huet mat him iwwer d'Verfilmung vun der Familljegeschicht vum Christophe Bolanski geschwat. D'Geschicht, déi am Buch an am Film aus der Siicht vum néngjärege Christophe erzielt gëtt, spillt an der Zäit vum Mee 68 zU Paräis, bezitt sech awer och op d'Liewen am besate Paräis wärend dem Zweete Weltkrich.