
About
Dëst Joer markéiert den 150. Doudesdag vun der franséischer Schrëftstellerin George Sand. Och wa si als Maîtresse vum Frédéric Chopin oder als Kannerbuchautorin bekannt ass, esou sinn et hir sozial, politesch, subversiv a modern Schrëften, déi bedeitend sinn. Esou lues kënnt dat och an de Käpp a Frankräich an a Groussbritannien un, wou eng Rei Autorinnen drop opmierksam maachen. E Reportage vun der Marie Billon