"Eist Liewen hänkt haaptsächlech vu Facteuren of, déi mir net beaflossen"
10 April 2026

"Eist Liewen hänkt haaptsächlech vu Facteuren of, déi mir net beaflossen"

Kultur

About
Jonk si wärend de "bläie Joren" a jonk sinn haut. Den Dario Ferrari verbënnt déi zwou Zäiten a sengem rezent op Däitsch iwwersate Roman "Die Pause ist vorbei" (Verlag Klaus Wagenbach). D'Buch kombinéiert e frësche Bléck op de radikale politeschen Engagement an de 70er Jore mat enger Satir vum akademesche Milieu hautdesdaags. De Michel Delage huet sech viru Kuerzem op der Leipziger Buchmesse mam italieenesche Schrëftsteller ënnerhalen.