Dem Tschechov seng Méiw ...
10 February 2026

Dem Tschechov seng Méiw ...

Kultur

About
Muer den Owend ass d’Première vum Anton Tchechov sengem Stéck "D’Méiw" am Kasemattentheater.
D’Stéck ass op Lëtzebuergesch a Franséisch iwwerdroen an op der Bün stinn d’Eugénie Anselin, d’Marie Jung, d’Magaly Teixeira an de François Camus. Dat Ganzt ënner der Regie vum Thierry Mousset.
D’Sara Goerres, Produktiounsleederin am Kasemattentheater a Regie-Assistentin bei dësem Stéck, ass eis Invitée a Kulturen fir iwwer d’Méiw ze schwätzen.