#033 - Ech hu mech VIR d'Liewen entscheed (Interview mam Yannick)
08 April 2026

#033 - Ech hu mech VIR d'Liewen entscheed (Interview mam Yannick)

Zréck Zu Dir Podcast

About

An dëser Episode hunn ech de Yannick Gaspar als Gascht am Zréck zu Dir Podcast a mir schwätzen iwwert ee wichtegt Thema - Suizid.

De Yannick deelt seng perséinlech Geschicht vun déiwem Schmerz, ennere Kämpf an vun deene Momenter wou hien sech géint d’Liewen an dann awer vir d’Liewen entscheed huet.

Mir schwätzen driwer,

- wéi et sech ufillt wann alles zevill ass
- wat an engem Mensch wirklech virgeet
- virwat ee sou Gedanken net einfach oofschalte kann
- a wat him geholef huet vir haut sou kraftvoll hei ze sinn.

Dës Folg ass eierlech, beréierend a mecht Raum op vir Verstees-de-mech, Matgefill an Hoffnung.

Wanns du betraff bass oder ee kenns: Du bass net aléng!

Wichteg Ulafstellen❗️

- SOS Détresse (Telefon 45 45 45)
- @LetzBeAware op Instagram & Facebook vir Guidance a Schwierege Momenter


Merci Yannick vir dai Vertrauen an dai Mut. Du bass ee Licht 💖

Vill Léift & Magie ✨

Dai Bonnie 🌸