Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir zwou Situatiounen am Restaurant. Am éischten Deel kritt de Client déi falsch Bestellung. Am zweeten Deel gëtt et e Feeler mat der Rechnung.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkipt:
Am Restaurant – Problem mat der Bestellung
Serveuse: Gudden Owend! Wëllt Dir eppes drénken?
Client: Jo, wannechgelift. Ech hätt gär en hallwe Liter Spruddelwaasser.
Serveuse: Jo, gär. Wësst Dir schonn, wat Dir iesse wëllt?
Client: Jo. Ech huelen d’Geméiszopp als Entrée, wannechgelift.
Serveuse: An als Haaptplat?
Client: Ech hätt gär den italienesche Sandwich, mee ouni Ham, wannechgelift. Ech si Vegetarier.
Serveuse: Jo, kee Problem. Wëllt Dir nach eppes dobäi? Eng kleng Zalot, oder eng Portioun Fritten?
Client: Hmm … jo, eng kleng Zalot, wannechgelift.
Serveuse: Gären. Ech bréngen Iech d’Gedrénks direkt. (...) Hei ass d’Gedrénks. An hei ass Är Zopp. Gudden Appetit!
Client: Merci! Eh… Entschëllegt …
Serveuse: Jo?
Client: Ech mengen, dat ass net meng Zopp.
Serveuse: Oh, wierklech? Wat hutt Dir bestallt?
Client: Ech hunn d’Geméiszopp bestallt. Dat hei ass eng Tomatenzopp.
Serveuse: A jo … Dir hutt Recht. Dat hei ass d’Zopp vun engem anere Client. Et deet mer leed!
Client: Kee Problem.
Serveuse: Ech bréngen Iech direkt déi richteg Zopp. Ee Moment, wannechgelift. (...) Sou, hei ass Är Geméiszopp. Entschëllegt nach eng Kéier.
Client: Kee Problem. Merci!
Serveuse: Gudden Appetit! (...) Sidd Dir fäerdeg?
Client: Jo. D’Zopp war wierklech gutt.
Serveuse: Dat freet mech. Hei ass Ären italieneesche Sandwich ouni Ham, an Är Zalot.
Client: Merci.
Serveuse: Kann ech Iech nach eppes bréngen?
Client: Nee, merci. Fir de Moment ass alles gutt.
Serveuse: Da wënschen ech Iech e gudden Appetit!
Client: Merci!
Eng falsch Rechnung am Restaurant
Cliente: Entschëllegt, ech mengen, hei ass e Feeler op der Rechnung.
Serveur: O, wierklech? Wat ass falsch?
Cliente: Mir haten zwou Zalote bestallt, awer hei stinn dräi Zaloten.
Serveur: A jo, Dir hutt Recht. Ech kucken direkt no.
Cliente: Merci. An de Jus ass och zweemol op der Rechnung.
Serveur: A jo, ech gesinn. Et deet mir leed.
Cliente: Kee Problem. Kënnt Dir d'Rechnung wgl. änneren?
Serveur: Natierlech. Ech maachen Iech eng nei Rechnung.
Cliente: Super, merci.
Serveur: Hei ass déi nei Rechnung. Kuckt wgl. nach eng Kéier, ob elo alles stëmmt.
Cliente: Jo, elo ass alles richteg.
Serveur: Ganz gutt. Wëllt Dir mat Kaart oder boer bezuelen?
Cliente: Mat Kaart, wann ech gelift.
Serveur: Gär. Hei ass Äre Reçu.
Cliente: Merci an e schéinen Dag!
Serveur: Merci, Iech och!