
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer verschidden Optiounen, Silvester am Ausland ze verbréngen, schwätzen.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
Silvester am Ausland
A: So, Julie, ech hunn dëst Joer wierklech keng Loscht, Silvester hei zu Lëtzebuerg ze verbréngen. Et ass all Joer dat selwecht: Raclette, Tëlee an e puer Knupperten. Ech géif gär emol eng Kéier eppes aneres maachen.
B: Ech verstinn dech total! Et ass all Joer änlech. Wuer géifs du da gär reesen?
A: Keng Anung, Mee ech géif gär e puer Deeg fortfueren. Vläicht an eng schéi Stad, wou vill Leit op der Strooss feieren. Hues du eng Iddi?
B: Hmm… Also, eng bekannt Plaz, déi net esou wäit ewech ass, ass natierlech Berlin. Do gëtt et ëmmer eng grouss Party beim Brandenburger Tor.
A: Stëmmt! Dat hunn ech schon op der Tëlee gesinn. Dat gesäit flott aus. Mee et ass bestëmmt voller Leit, oder?
B: Jo, definitiv. Mee d’Ambiance ass super. Wann s du eppes Extraes wëlls, kanns du och op London goen. Do maachen d’Leit och e grousst Freedefeier bei der Themse.
A: O, dat kléngt flott. Ech war nach ni zu London. Ech kéint och e Musical kucke goen oder duerch d’Stad spadséieren…
B: Genee. A wann s du eppes ganz Spektakuläres wëlls, dann ass New York natierlech och eng Iwwerleeung wäert. Ech hunn den Times Square schonn e puer Mol op der Tëlee gesinn. De grousse Ball, deen eroffällt, an déi vill Leit… dat géif ech och gär eng Kéier live gesinn.
A: Ech ka mer virstellen, datt dat beandrockend ass. Mee de Fliger fir op New York ass ëm d’Feierdeeg bestëmmt immens deier…
B: Jo, leider, an d’Hoteller och. Dat muss ee fréi plangen. Mee vläicht wier Wien och nach eng Iddi? Do gëtt et e Silvesterpad mat Musek, Iessen an elauter klenge Stänn.
A: Wien… dat kléngt elegant. Ech hunn al Gebaier a klassesch Musek immens gär. An op Wien kéint ech eventuell och mam Zuch fueren.
B: Eng aner Optioun wier natierlech eng waarm Plaz, wéi zum Beispill Barcelona. A Spuenien iessen d’Leit um Mëtternuecht zwielef Drauwen. Dat soll Gléck bréngen.
A: Ou, dat wousst ech net. Kléngt flott! A waarm, ech kéint wierklech e bësse Sonn gebrauchen… ech hu keng Loscht op Schnéi dëst Joer.
B: Wann s du et gär ganz waarm hues, kanns du och op Dubai goen. Do gëtt et och e riisegt Freedefeier beim Burj Khalifa.
A: Ech mengen, dat ass e bëssen ze deier fir mech. Ech mengen, ech bleiwe léiwer an Europa.
B: Wéi s de gesäis ginn et jo vill Méiglechkeeten. Wat hues du léiwer? Party, Kultur, Sonn, oder einfach raus aus dem Alldag ?
A : Ech mengen, ech wëll einfach eng schéi Stad gesinn, e bësse Party maachen, awer net ze vill Stress. Vläicht kucken ech mir London oder Wien méi genee un.
B: Da waart awer net ze laang! Du bass elo scho relativ spéit un!
A : Jo, dat maachen ech. A Merci nach emol fir deng vill Iddien. Elo freeën ech mech wierklech op Silvester.
B : Gär ! A wann s du wëlls, kommen ech mat. Ech hunn dëst Joer och nach näischt vir.
A: O, jo, dat wier super!