Kaddoe vum Kleeschen (A2)
19 November 2024

Kaddoe vum Kleeschen (A2)

Poterkëscht vum INLL

About

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht! An e puer Wochen ass de 6. Dezember, also Kleeserchersdag oder Nikoosdag zu Lëtzebuerg. Am Episod vun haut schwätze mir iwwer Kaddoe vum Kleeschen.


Vill Spaass beim Nolauschteren!


-


Transkript:


A: Geschwënn ass schonn erëm de 6. Dezember. Wat wënscht meng Giedelche sech da fir Kleeserchersdag?


B: Meng Elteren a Schwéierelteren hunn och scho gefrot, duerfir hunn d’Nora an ech eng Lëscht gemaach. Vu mengen Eltere kritt hatt e klenge Buttek. Si kafen och alles fir an de Buttek, zum Beispill Liewensmëttelen aus Holz oder Verpackungen, mat enger klenger Keess a Suen aus Plastik oder Pabeier. Dat  kritt een alles derbäi ze kafen.


A: Mega! Ech hat och sou e Buttek an hunn immens vill dermat gespillt. Sou léieren d’Kanner och d’Mënz an d’Schäiner kennen.


B: Jo, ech och! Bei mir waren d’Liewensmëttelen awer net aus Holz, mee aus Plastik an d’Lili, eisen Hond, huet der vill futti gebass.


A: Oh!


B: A vu menge Schwéiereltere kritt et eng Popp mat enger Kutsch an e puer Tenuë fir d’Popp. Hatt wënscht sech scho sou laang eng.


A: Djëft! Déi Iddi hat ech och! Hatt huet mir dat d’lescht Kéier erzielt, wéi et bei mer war, fir ze baken. Net schlëmm! Steet nach eppes Aneres op der Lëscht?


B: Wéi s de weess, bastelt hatt jo sou gär! Vläicht kanns de am Spillbuttek froen, wat am meeschte fir Kanner vu fënnef Joer kaf gëtt? De Moment ass hatt jo och e grousse Fan vun Dinosaurier. Vläicht hu se e Molbuch, fir Dinosaurier faarweg ze molen.


B: Dat kléngt gutt! Ech ginn dës Woch nach op d’Sich! Merci!


A: Mir soen dir Merci!


B: Net mir, dem Kleeschen!


A: Ok!