
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!
Haut héiere mir, wéi zwou Persounen iwwer hir Hobbye schwätzen.
Dir fannt hei och méi Informatiounen iwwer den Institut Européen de Chant Chorale: www.inecc.lu
-
Transkript:
Sangen a baken
M: houscht
C: O mei, wat hues du da gestiicht, datt s du keng Stëmm méi hues?
M: A, ma mäi leschte Weekend war super flott! Ech war zu Ettelbréck op engem A capella Festival. Do ware ganz vill Chorallen an Ensemblen aus ganz ville verschiddene Länner, an natierlech och vu Lëtzebuerg. Si hunn all esou schéi gesongen an do konnt ech et mir net huele loosse fir e bësse matzesangen. Du weess jo, ech sange selwer och immens gär.
C: Bass du dann an enger Chorall?
M: Nee, leider net méi. Mee ech sangen an enger Museksschoul an huelen och eemol d’Woch eenzel Gesangscoursen. Dodernieft hunn ech och ugefaange Gittar ze léieren an ech sangen dobäi. An elo war ech de ganze Weekend zu Ettelbréck Concerte lauschteren.
C: O wow, du has awer eng décke Programm dëse Weekend! Hätt ech dat gewosst, dann hätt ech mäi Brout eréischt e Méindeg gebak a wier bis op Ettelbréck komm. Mee erziel: Kann een dann do och eemol kucke kommen, wat s du proufs?
M: Nee, dat geet leider net, well et guer net dofir geduecht ass. Et mécht mir Spaass a bréngt Freed, wann ech sangen.
C: Vläit soll ech dat dann och eng Kéier probéieren, mee ech wëll mech net laangfristeg engangéieren.
M: Ma kenns du dann net d’INECC?
C: D’INECC? Nee. Wat ass dat?
M: Dat ass den “Institut Européen de Chant Chorale”. Si organiséiere ganz flott Atelieren a Workshops. Du muss net reegelméisseg dohinner goen, mee just esou wéi s de Zäit a Loscht hues.
C: A wat fir Atelieren oder Workshops sinn dat?
M: O do gëtt et vu bis. Zum Beispill Jazz, Circle Songs oder Wellness Sangen. Wann s de wëlls, kuck einfach op hirem Site. Dat ass einfach inecc.lu. Déi meescht Coursë sinn an der Stad, no bei der Gare. An dat Flottst ass, datt dat Ganzt relativ flexibel ass. Du kanns owes, de Weekend oder esouguer heiansdo an der Mëttegpaus dohi goen. ... Mee elo zu dir! Du hues erzielt, datt s du de Weekend gebak hues?
C: Jo, mäi Weekend war am Verglach zu dengem e bësse méi roueg. Ech hu virun 2 Joer ugefaangen, mäi Brout selwer ze baken, a maachen dat mëttlerweil 1 bis 2 Mol d’Woch. An de Weekend war et dann nees esouwäit.
M: Wéi bass du dann dozou komm?
C: O dat ass leider aus engem net esou schéine Grond geschitt. Ech hunn nämlech virun e puer Joer ugefaangen Intoleranzen op verschidde Liewensmëttel z’entwéckelen. A säitdeem ech ënnert anerem mäi Brout a villes Aneres selwer baken, hunn ech dat besser an de Grëff kritt.
M: ... An ech ka mir virstellen, datt s de doduerch och e bessert Gefill fir d’Liewensmëttel kritt hues?
C: Jo, genee. Säit ech weess, wéi vill Zäit een investéiere muss, fir e fäerdegt Brout um Teller ze hunn, wäertschätzen ech dat Ganzt vill méi. A gläichzäiteg kann ech och op den Zocker an d’Zutaten oppassen...
M: Wéi gesäit et mat leckere Kuchen aus? Oder Taarten?
C: Joooooo, och do toben ech mech gär aus! Leider bleift bei eis doheem awer ëmmer esou vill iwwreg, well mäi Mann a meng Kanner ëmmer just ee Stéckche schmaachen an op hir Linn oppasse wëllen. Du weess jo, d’Virsätz am Neie Joer sinn ëmmer déi selwecht... An e ganze Kuch packen ech och net eleng.
M: Jo, du sees et! Bei eis doheem gesäit et d’selwecht aus. Ech baken och gär. Dat heescht: Ech hu fréier gär gebak.
C: A firwat dann elo net méi?
M: Majo, d’selwecht ewéi bei dir. Wie soll de Kuch dann iessen? Meng Frëndinne passen op d’Kalorien op, mäi Meedchen ësst nëmme vegan...
C: Jo... Wéi et ausgesäit muss ech mir en neit Hobby sichen...