Hellegowend doheem feieren (A2)
24 December 2025

Hellegowend doheem feieren (A2)

Poterkëscht vum INLL

About

Wëllkomm zréck an der Poterkëscht!

Haut héiere mir, wéi zwou Persounen akafe ginn, fir Hellegowend virzebereeden. Duerno héiere mir, wéi si doheem preparéieren.

Vill Spaass beim Nolauschteren!

-

Akafen op Hellegowend 

A: O mei. Ech hätt net geduecht, datt haut op Hellegowend nach esou vill lass an de Butteker wier. Ech hat geduecht, haut géifen net méi esou vill Leit akafe goen. 

B: Jo, ech och. Mee mir brauchen nach e puer Saache fir d’Chrëschtdagsiessen. A fir d’Anna brauche mir och nach eppes Vegetaresches. 

A: Du hues Recht. Hatt ësst jo säit Neitstem kee Fleesch méi. Mir hu schon e puer Zaloten a Brout, mee dat geet jo net duer. Wat kënne mir fir hatt kachen? Vläicht e Gratin mat Geméis, oder eng Lasagne? 

B: Hmm, eng Lasagne dauert ze laang. Mir musse jo nach fir déi aner kachen, dekoréieren, den Dësch decken, an esou weider… Da léiwer e Gratin. Dofir brauche mir Gromperen, e bësse Geméis, Ram a Kéis. Hu mir nach alles doheem? 

A: Nee, ech mengen, mir hu just nach e Sak Gromperen. Waart, ech gi mol e bësse Geméis sichen, kanns du an de Rayon mat de Mëllechprodukter en Dëppche Ram an e Pak gerappte Kéis siche goen? 

B: Jo, ech gi kucken. Wat e Stress… Uff, ech hunn zum Gléck awer alles fonnt. Du och? 

A: Jo, e Broccoli an e Pak Champignonen. Dat misst goen. Sou, da brauche mir och nach e klenge Kaddo fir denger Schwëster hir Frëndin. Kuck, hei am Regal hu se e puer Kaddoen. Wéi wier et mat enger Käerz an enger Këscht Knippercher? Mengs de, dat geet duer? 

B: Jo, dat ass bestëmmt an der Rei. Sou, dann hätte mir elo alles, oder? 

A: Jo, ech denke schonn. Ech hoffen, d’Schlaang an der Keess ass elo net ze laang. 

B: Dat gleewen ech net. Mee wat soll ech soen, et ass Hellegowend. D’nächst Joer gi mir einfach en Dag éischter akafen. 

A: Haha, jo, wéi all Joer … 


Hellegowend virbereeden 

A: Sou, elo musse mir d’Haus nach fir den Owend raumen an e bëssen dekoréieren. 

B: Mat wat solle mir ufänken? 

A: Ech mengen, mir solle fir d’éischt d’Stuff raumen. 

B: Gutt Iddi. Ech raumen d’Zeitungen ewech a staubsaugen den Teppech. 

A: Ok. Ech botzen den Dësch eng Kéier of, leeën e schéint Dëschelduch drop a stellen e puer Käerzen drop. 

B: Mir mussen och nach de Chrëschtbeemche fäerdeg dekoréieren. 

A: Jo. Kanns du mir hëllefen, d’Liichtercher opzehänken? 

B: Natierlech, wou leie se? 

A: An der Kartongskëscht nieft dem Kannapee. 

B: A jo, hei si se. Soll ech och d’Bullen ophänken? 

A: Jo wannechgelift, ech sinn nach net ganz fäerdeg ginn. 

B: Brauche mir soss nach eppes fir den Owend? 

A: Jo, mir mussen den Dësch nach decken. Kanns du déi schéin Telleren an de Schaf siche goen? 

B: Jo, an ech bréngen och d’Glieser an d’Besteck. 

A: Merci! Ech falen d‘Zerwéiten. 

B: Sou, elo misste mer awer fäerdeg sinn. Et gesäit wierklech schéin aus! Dat eenzegt wat nach feelt ass eng schéi Chrëschtdagsplaylist. Ech sichen eis nach eng flott eraus.  

A: Gutt Iddi! Ech freeë mech op den Owend.  

B: Ech mech och. Dat gëtt bestëmmt gemittlech.