
Wëllkomm zréck an der Poterkëscht.
Haut trainéiere mir d'Auerzäiten.
Vill Spaass beim Nolauschteren!
-
Transkript:
De Schoulmeeschter
De Schoulmeeschter schafft an enger Schoul.
Hie fänkt um hallwer aacht moies mat schaffen un.
Hien hält um Véierel op dräi nomëttes mat schaffen op.
D’Doktesch
D’Doktesch schafft an enger Praxis.
Si fänkt um Véierel vir siwe moies mat schaffen un.
Si hält um hallwer véier nomëttes mat schaffen op.
De Bäcker
De Bäcker schafft an enger Bäckerei
Hie fänkt um hallwer fënnef moies mat schaffen un.
Hien hält um hallwer zwou nomëttes mat schaffen op.
D’Verkeeferin
D’Verkeeferin schafft an engem Buttek.
Si fänkt um néng Auer moies mat schaffen un.
Si hält um Véierel vir sechs owes mat schaffen op.
Den Infirmier
Den Infirmier schafft op Schichten an enger Klinick. Haut huet hien Nuetsschicht.
Hie fänkt um Véierel vir zéng owes mat schaffen un.
Hien hält um Véierel op 6 moies mat schaffen op.
Ech erwächen um hallwer siwen.
Um Véierel op siwen drénken ech Kaffi.
Ech fueren um Véierel vir aacht doheem fort.
De Cours fänkt um hallwer néng un.
Um Véierel op néng maachen ech eng Paus.
Ech schaffe bis Véierel vir zwielef.
Um hallwer eng iessen ech zu Mëtteg.
Ech treffe meng Frëndin um Véierel vir eng.
Um hallwer dräi drénken ech e Kaffi.
Ech hunn um Véierel op dräi e Rendez-vous.
Um Véierel vir dräi ginn ech heem.
Ech maachen um hallwer véier Sport.
Um Véierel vir fënnef duschen ech.
Ech kachen um Véierel vir sechs.
Um hallwer siwen iessen ech zu Owend.
Ech kucken um Véierel op siwen d’Tëlee.
Um Véierel vir aacht telefonéieren ech.
Ech liesen um hallwer néng e Buch.
Um Véierel op néng ginn ech schlofen.