Skip to content
Opens in a new window
Panorama
20 October 2026

Panorama

Panorama

About
1. E Kardiolog kënnt no senger Interpellatioun an Untersuchungshaft, nodeems d’Gesondheetskeess beim Parquet eng Plainte agereecht huet. Dem Mann ginn eng Rëtsch Gesetzverstéiss virgehäit.

2. Frankräich wäert besser op déi nächst Manifestatioune vun e Samsde preparéiert sinn, seet de Premier Sébastien Lecornu. D’Assemblée nationale ass sech iwwerdeems eens doriwwer, eng Enquêtekommissioun anzesetzen.

3. An der Champions League am europäesche Fussball fänkt haut den 3. Spilldag an der Ligaphas un. Dobäi kéint bei der Partie FK Sabah géint Borussia Dortmund ënner Ëmstänn de jonke Lëtzebuerger Enzo dos Santos zum Asaz kommen.