About
De Knuet hätt sech elo geléist, esou de Buergermeeschter vu Jonglënster Ben Ries. Hien hofft, datt d’Bauaarbechten am Hierscht 2026 kënnen ufänken, an datt den Erëmopbau vum Gemengenhaus Enn 2028 wäert fäerdeg sinn.
D’Käschte vum Schued léiche bei geschate ronn siwe Milliounen Euro. Déi genee Zomm wäert sech eréischt duerch d’Ausschreiwunge fir den Erëmopbau erausstellen.
D’Feier de 26. Januar 2024 zu Jonglënster war duerch Schweessaarbechten um Daach vum Gemengenhaus entstanen. Rieds goung duerno vu Sträit mat den Assurancen a vun zéie Verhandlungen.