zeno
Create a Station
Explore
Religious
Music
News
Podcasts
Bible
By Genre
By Location
By Language
Download App
Toggle Sidebar
zeno
Méi wéi Sex
Méi wéi Sex
Sexuality
Relationships
Luxembourgish
De Podcast fir all Mënsch mat engem Kierper.
Website
Episodes
186
20 March 2026
#188: Sinn ech ee Feld oder wat? – (On)Fruchtbarkeet
Einfach Kanner kënnen ze kréien – oder eben och net – ass fir vill Leit ee wichtegt Thema. Mä „Sinn ech fruchtbar?“ ass keng Fro, déi sech einfach beäntwerte léisst, well vill Faktore mat era spillen. Am Podcast schwätzen d*e Robin an den Elie iwwert hir Erfarungen a Gedanken zum Thema. Zum Beispill doriwwer, datt Onfruchtbarkeet als „Schold“ vun der Fra ugesi gëtt,, obwuel sech dat an de...
45 min
06 March 2026
#187: I like the ring of it – Verhütung mamm Nuva Réng
D'Ella huet zu quasi all Dages- a Nuetszäit e Rank un, wéi dann dat? D'Ella gebraucht de Nuvaréng fir ze verhüten! Vaginalrénger sinn en hormonellt Verhütungsmëttel an der Form vun engem Réng deen an d Vagina agefouert gëtt an dann do verbleift. Obwuel de Nuvaréng, als eischten Vaginalréng um Marché, säit 25 Joer zougelooss ass, si Vaginalrénger manner bekannt wéi aner Verhütungsmëttelen. An...
39 min
20 February 2026
#186: Ënnert engem Dach – Zesumme wunnen
Zesumme mat anere Persoune wunnen ass fir vill vun eis kee Choix, mä eng Noutwendegkeet. Vill Leit wunne ganz selbstverständlech mat hirer Partner*innenpersoun zesummen. Dat ka schéi sinn, mä bréngt awer vläicht och seng ganz eege Problemer mat sech. Den Elie an d*e Robin erzielen an dëser Episod vun hiren Erfarunge mat funktionalem Wunnen, onsexy Dreckskëschten a méi oder manner fräiwëllegem...
47 min
06 February 2026
#185: Méi wéi bits and bytes — digital Kommunikatioun
Mir benotzen se all Dag, dee ganzen Dag, méi oder manner bewosst andauernd: digital Kommunikatioun. Mir telefonéieren, videocallen, chatten, a memen mat anere Leit als e wichtegen Deel vun eise Konnektiounen. Mee wat mëcht et amfong mat eis, fir andauernd a Kontakt mat aneren an der ganzer Welt ze stinn, a fir ouni Paus online erreechbar ze sinn? Robin a Lynn diskutéieren an dëser Episod hir...
50 min
23 January 2026
#184: Zweifelhafte Consent an zwiliichteg Charakteren — Dark Romance (Spicy Books #2)
Dark Romance ass e Genre, deen Diskussiounen ausléist. Mee wat versteet een eigentlech ënner dub-con? Firwat liesen sou vill Mënschen trotz – oder vläicht grad wéinst – de kontroversen Themen Dark Romance? A wéi hunn dem Joël a Kelly hier däischter Lektüre gefall? Dat héiers du an dëser Episode.An der Rubrik schwätzt d'Ella iwwer Heterofatalismus!Inhalt vun der Episode: Minutt 0-12: Intro,...
1 h 1 min
09 January 2026
#183: Jo, ech wëll – Gaascht op enger Hochzäit sinn
Iergendwann kënnt den Alter, wou een*t ëmmer méi dacks op Hochzäiten danzt – ob als „plus one“ oder mat eegener Aluedung. Dat ass vir vill vun eis mat gemëschte Gefiller verbonnen: Wat soll ech undoen, wéi wäert d‘Iesse sinn a wat soll ech da mat all deene Leit, déi ech vläicht guer net kennen, schwätzen? Zum Gléck hunn d‘Ella an de Joël an deene leschte Joren déi eng oder aner Hochzäit...
52 min
26 December 2025
#182: Abortion Care is Healthcare – An aner Grënn dëst Recht ze schützen
D’Recht op sécher an einfach zougänglesch Schwangerschaftsofbrech ass essenziell fir eng gläichberechtegt Gesellschaft wou jiddereen*t iwwert den eege Kierper entscheede kann. Déi Lëtzebuerger Gesetzeslag am dem Beräich gëllt als relativ liberal. Bis zur 12. Schwangerschaftswoch (oder och bis zur 14. Woch seit d’Regelbluddung ausgefall ass) kënne schwanger Leit aus egal wéiengem Grond eng...
45 min
12 December 2025
#181: Ausfloss, Anatomie an alles dotëschent – Meng Vulva an ech
Stell dir vir, du hues Ausfloss, an du mengs, du miss stierwen: Doduerch, datt et vill Schummt an Tabue ronderëm d'Vulva gëtt, geschitt dat net wéinege Leit. Den Terme Vulva ass mëttlerweil deene meeschte Leit bekannt, mä iwwert d'Organ selwer ginn et nach ëmmer vill Mëssverständnisser. An dëser Episode schwätzen d'Ella an d*e Robin iwwert hir Bezéiung zu hirer Vulva. Si erziele vun der éischter...
49 min
28 November 2025
#180: Léift geet duerch de Mo? – Iessgewunnechten
Liebe geht durch den Magen! Sou seet een*t zumindest ëmmer, a fir vill Mënschen ass Iessen en essentiellen Deel vun hirem Liewen an hirer Identitéit. Mee wéi äußern sech eis Iessgewunnechten a laange Bezéiungen, a wéi beaflossen déi Bezéiungen eis Gewunnechten? A kënnen Veganer*innen a Fleeschiesser*innen amfong eppes mateneen hunn? De Joël, den Elie a Robin diskutéieren dës an aner Froen an...
48 min
14 November 2025
#179: Hype, Tropes an (keen) Draachesex — Romantasy (Spicy Books #1)
Wat stëscht hannert dem aktuell esou populäre Buchgenre Romantasy? De Joël a Kelly schwätzen doriwwer wéi de Genre entstanen ass, wat e präägt a wat hier Erfarungen domat sinn. Si hunn nämlech de Selbsttest gemaach a „Fourth Wing“ gelies. Wéi hunn si d'Buch an seng Duerstellung vu romanteschen Bezéiungen an Sex fonnt? Lauschter eran a fann et eraus!Spoiler Altert: „Fourth Wing“ (an ganz ebëssen...
1 h 1 min