An dëser 19. Episod vum LGS Zeltgepëspers geet et em d‘Filmer déi d‘Mierscher Guiden a Scouten zesumme mat de Geschichtsfrënn vu Miersch dréinen. Dës Filmer sollen d‘Geschicht vu Mierscher Leit déi am 2. Weltkrich em d‘Liewe komm sinn erzielen fir dësen ze gedenken an un déi Zäit ze erënneren.
Ënnert follgendem Link kënnt dir d‘Filmer kucken:
https://youtube.com/@mierscherennertsech?si=PJnaPhem-IA-FA6a
An hei fannt dir dann och d‘Musek iwwert déi am Podcast geschwat gëtt:
https://open.spotify.com/intl-de/artist/3wkBvh0W6JRn0v7ixkpitb?si=FnjxfTYdT26hwLkCmttSrQ
Den Umeldungsformulaire fir de Quizowend vun de Réiserbänner Guiden a Scouten fannt dir hei:
https://reiser.lgs.lu/quizowend
Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op podcast@lgs.lu oder an de Kommentare matdeelen.
Mir freeën eis :)
(00:00) Intro + Réckspigel
(05:23) Interview mat de Mierscher
(01:24:42) Ausbléck
(01:26:12) Scoutsfakt vum Mount + Outro