An dëser 18. Episod vum LGS Zeltgepëspers ware mir als Podcast Ekipp um Wisefestival zu Eschduerf ënnerwee. Mir krute vu verschiddene Leit aus dem Organisatiounscomité erkläert, wéi esou e Festival zustan kennt a mat wéi engen Challenge si konfrontéiert waren. Och mat verschiddene Bands a Visiteure konnte mir eis iwwer hiren Androck vum Festival austauschen an esou ganz verschidden Abléck fir iech afänken. Jiddereen deen et den 12. September et dohi gepackt huet, kritt hei op alle Fall e flotten Abléck vun dësem 25. Gebuertsdag vun den Eschduerfer Guiden a Scouten.
Och um Kongress a Chefdag ware mir nees mam Feldmikro ënnerwee fir verschidden Andréck anzefänken. Do si mir net nëmmen dem Luc Frieden, mee och ganz villen engagéierte Cheftainen a Chef begéint. Déi Lampertsbierger konnten em déi 450 Guiden a Scouten empfänken an hunn dëse Kongress a Chefdag duerch déi wonnerbar Organisatioun zu engem wierklech flotte Start vum Scoutsjoer gemaach.
Wann dir fir är nächst Scoutskiermes nach eng Band sicht, déi richteg gutt Musek a Stëmmung matbréngt, kennt dir iech iwwert déi follgend Plaze bei Nemesys mellen, déi des Joer och um Wisefestival vertruede waren a vir eng genial Stëmmung gesuergt hunn:
www.nemesys-lux.lu
Instagram: Nemesys
Facebook: Nemesys
Méi Informatiounen zum Albatross Weekend zu Beggen fannt dir ënnert:
https://chefbox.lgs.lu/event/albatrossen-weekend-2027/
Méi Informatiounen zum RaRo Lancement fannt dir op:
https://chefbox.lgs.lu/event/ragnarok-is-coming-weekend-de-lancement/
Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op podcast@lgs.lu oder an de Kommentare matdeelen.
Mir freeën eis :)
Intro + Réckspigel (00:00)
Wisefestival 2026 (05:04)
Kongress & Chefdag (57:38)
Ausbléck + Outro (01:23:56)