
An dëser 16. Episod vum LGS Zeltgepëspers hate mir d'Sonja an de Fabi vun der EAS Ekipp zu Besuch. Si hunn eis erkläert wéi eng Plaz d'Spiritualitéit bei de Guiden a Scouten huet an op wéi eng verschidden Aart a Weisen een se a seng Aktivitéiten abaue kann. Ausserdeem hunn si eis erzielt wéi eng Aktivitéite si als Ekipp am Joer esou plangen. Dës Episod ass voller spannender Erkenntnisser zum Thema Spiritualitéit bei den LGS a perfekt fir jiddereen dee schonn ëmmer eng Kéier méi dozou wësse wollt.
Fir méi Infos kënnt dir gäeren eng Mail op eas@lgs.lu machen.
Bei Interessi fir de Spiri for Kids kënnt dir iech op michele.hilger@lgs.lu mellen.
Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären ëmmer bis den 20. Dag vum Mount per Mail schécken. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis ëmmer per Mail op podcast@lgs.lu oder an de Kommentare matdeelen.
Mir freeën eis :)