Zeltgepëspers #10 - Bewosst keng Spueren hannerloossen
01 February 2026

Zeltgepëspers #10 - Bewosst keng Spueren hannerloossen

LGS Zeltgepëspers

About

An dëser 10. Episod vum LGS Zeltgepëspers schwätze mir mam Arbechtsgrupp Nohaltegkeet iwwert hir Aarbecht fir e méi nohaltege Scoutismus. Si zielen eis enner aanerem vun hierem Poster, dee bestemmt deen een oder aanere Grupp bei sech am Home hänken huet a vun hirer nohaltegkeets Checklëscht mat där een als Chefekipp säi Weekend oder Camp méi nohalteg gestalte kann. Méi Informatiounen zu desem Aarbechtsgrupp fannt dir an der Chefbox am Desk ennert dem Kapitel "Nohaltegkeet". Bei Iddiën a Froen oder wann ee bei hinne matmaache wëllt, kann ee sech ganz gäre per Mail bei hinne mellen: nohaltegkeet@lgs.lu


Tickets fir den Theater vun de Réimecher Guiden a Scooute fannt dir op https://theater.remich.lgs.lu


Weider Informatiounen zum Wisefest vun den Eschduerfer Guiden a Scouten fannt dir op https://www.wisefestival.lu


Propose fir eise Réckspigel an Ausbléck kënnt dir eis ganz gären emmer bis den 20. Dag vum Mount matdeelen. Och allgemengen oder spezifesche Feedback zum Podcast kënnt dir eis emmer per Mail op podcast@lgs.lu oder an de Kommentare matdeelen.

Mir freeën eis :)



Intro + Réckspigel (00:00)


Aarbechtsgrupp Nohaltegkeet (04:16)


Ausbléck + Outro (33:16)