
About
Leschte Rido dëse Weekend fir de rainy days Festival 2025: d’Bünekënschtlerin Claire Thill invitéiert op d’Performance “Apoplexie” an de Kasemattentheater. Performance? Éischter Live-Hörspill, respektiv eng Opféierung tëschent Theater, Musek a Klangwelten. Am Zentrum steet eng Fra, déi mat Verloscht, hiren Erënnerungen, bannenzege Changementer konfrontéiert ass. D’Stéck ass vun der Philharmonie an dem Kollektiv Independent Little Lies coproduzéiert. D’Claire Thill ass net just Member, mee Grënnungsmember vum Kollektiv. A well en dësen Hierscht e ronnen 30. Gebuertsdag feiert, huet d’Kerstin Thalau d’Claire Thill an de Studio invitéiert, fir mat hir iwwer ILL an “Apoplexie” ze schwätzen.