Albumkritik: Lausse the Cat - The Mocking Stars
24 November 2025

Albumkritik: Lausse the Cat - The Mocking Stars

Kultur

About

Eng zweete Kéier huet sech de Schleier gehuewen, oder vläicht de Rideau, deen Abléck an d’Welt vum brittesche Rapper Lausse the Cat gewiert. Zanter senger éischter Plack 2018, “The Girl, the Cat and the Tree”, gëtt gepëspert iwwer neit Material, iwwer déi persistent Fro, wien de Lausse iwwerhaapt ass, an iwwer een Numm, deen a villen Ecke vum Ënnergrond wéi eng Legend ausgeschwat gëtt.