
About
De Geescht vun der italieenescher Serenad beséilt dem Adrano Selva seng nei Single “Amour moderne” … Mee modern ass den Titel och. A Verbindung mam franséischen Text gesäit ee sech och un den Aznavour erënnert - Modern mat groussem M also. Dat ass keen Zoufall: déi kommend EP, déi de Lëtzebuerger Popmuseker am Februar erausbrénge soll, ass ganz op grouss Gefiller aus, wéi ee se aus der Chanson kennt, mee mat engem zäitgenësseschen Twist. Méi Ablécker gëtt den Adriano Selva um Mikro vum Marc Clement.