zeno
Home
Explore
Religious
Music
News
Podcasts
Bible
By Genre
By Location
By Language
Download App
Log in
Sign up
Toggle Sidebar
zeno
radio 100,7
Kultur
News
Luxembourgish
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Website
Episodes
50
11 February 2026
Braake - Eng Berliner Band am Gudde Wëllen
Déi Berliner Band Braake suivéiert selbstsécher e manner bereeste Wee an der däitscher Popszeen. Dëse Wee féiert si op Lëtzebuerg an de Gudde Wëllen, wou si de 17. Februar zesumme mat Autumn Sweater spillen.D'Musek vum Braake kann als eng waarmt, klanglech Tapisserie vu 70er Folk beschriwwe ginn, duerchzu mat Elementer vu Krautrock an New Wave. Dëst weist sech och an hirer neier Single...
16 min
11 February 2026
TASTE: "Transforming through art, science, technology“
Den Espace_Cultures vun der Uni Lëtzebuerg huet deen neie Konferenzzyklus TASTE lancéiert: jo, et geet souzesoen ëm schmaachen, mee TASTE steet och als Ofkierzung fir “Transforming through art, science, technology“. Invitéiert si Kreativer a Fuerscher:innen, déi interdisziplinär, eeben tëschent Konscht/Wëssenschaft/Technologie ënnerwee sinn, an hir Projeten an Erfarunge mat engem Public deele...
17 min
10 February 2026
Dem Tschechov seng Méiw ...
Muer den Owend ass d’Première vum Anton Tchechov sengem Stéck "D’Méiw" am Kasemattentheater.D’Stéck ass op Lëtzebuergesch a Franséisch iwwerdroen an op der Bün stinn d’Eugénie Anselin, d’Marie Jung, d’Magaly Teixeira an de François Camus. Dat Ganzt ënner der Regie vum Thierry Mousset. D’Sara Goerres, Produktiounsleederin am Kasemattentheater a Regie-Assistentin bei dësem Stéck, ass eis Invitée a...
24 min
10 February 2026
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vum aktuelle Filmprogramm mam Michel Delage
10 min
09 February 2026
Film vun der Woch: "La Cache"
Véier Generatioune vun enger Famill liewen an engem Paräisser Appartement wärend der Studenterevolt vu Mee 1968. De Michel Delage an d'Valerija Berdi beschwätzen dës Drama-Comedie vum Schwäizer Lionel Baier, eng Lëtzebuerger Co-Produktioun.
9 min
09 February 2026
Lionel Baier am Gespréich
Déi Schwäizer-Lëtzebuerger-franséisch Filmproduktioun “La cache” ass kierzlech an eise Kinoen ugelaf. De Jeff Schinker war dem Realisateur Lionel Baier d'lescht Joer op der Berlinale begéint, wou och dëse Film gewise gouf, an huet mat him iwwer d'Verfilmung vun der Familljegeschicht vum Christophe Bolanski geschwat. D'Geschicht, déi am Buch an am Film aus der Siicht vum néngjärege Christophe...
10 min
09 February 2026
Ratboys - Singin' To An Empty Chair
Ratboys sinn eng Band vu Chicago, déi sech an déi momentan Well vu Country-gefierftem Indie-Rock araume loossen. Mee do ass och eppes méi! De Marc Clement hue d'Plack fir eis gelauschtert.
13 min
06 February 2026
Kresse 3 - Nei Single "Kassandra" a Scoop op Debutalbum
De Pit Steffen ass deen eenzege Lëtzebuerger Member vun der Berliner Band Kresse 3, déi Aflëss aus Krautrock a Postpunk mat wäertvollem Textmaterial verbënnt. No engem EP mam schéinen Titel "Die Mutigen die schlafen", iwwert déi mir och hei um 100,7 bericht haten, an enger Partie Singles ass di villverspriechend Combo grad bei engem neie Label ënnerkomm a bréngt am Mee hiren Debut eraus: "Die...
10 min
06 February 2026
TASTE steet fir “Transforming through art, science, technology”
Den Espace_Cultures vun der Uni Lëtzebuerg lancéiert en neie Konferenzzyklus ënnert dem Titel TASTE, als Ofkierzung fir “Transforming through art, science, technology”. Di éischt dräi Diskussiounssujete sti fest: den néngte Februar ass mat “On art, nature and technology” iwwerschriwwen; de 25. Februar mat “On bodies and practices”; de véierte Mee mat “On data and (dis)information”. Responsabel...
19 min
05 February 2026
The Pitt
Emergency Room 2.0?: “The Pitt” léisst eis een Dag an d’ Noutopnam vun engem Spidol andauchen. De Gilles Schreurs stellt d’ Serie fir.
3 min