zeno
Home
Explore
Religious
Music
News
Podcasts
Bible
By Genre
By Location
By Language
Download App
Log in
Sign up
Toggle Sidebar
zeno
radio 100,7
Kultur
News
Luxembourgish
Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
Website
Episodes
50
28 November 2025
Fräiheet duerch streng Reegele beim Lambert Schlechter
De Michel Delage iwwer "Franz à la Fenice. Histoire où la mort s'invite" (Ed. L'Herbe qui tremble) a "Comment" (Phi), also d'Bänn 11 an 12 vum Lambert Schlechter sengem Zyklus "Le Murmure du monde"
3 min
28 November 2025
Nach méi Bicher am Bicherregal
Op de Walfer Bicherdeeg presentéieren d'Lëtzebuerger Verläg hir nei Publikatiounen. Wat gëtt et Neies um Lëtzebuerger Bichermaart? En Iwwerbléck mam Valerija Berdi mat weideren neie Publikatiounen.
5 min
27 November 2025
Pluribus
Déi nei Serie vum Breaking-Bad-Direkter Vince Gilligan. Hei geet et dorëms, datt mir alleguer léif matenee sinn a wéi dat och keng Léisung fir d’Rettung vun der Mënschheet ass.
4 min
27 November 2025
Apoplexie: E Schlag am Theater?
Leschte Rido dëse Weekend fir de rainy days Festival 2025: d’Bünekënschtlerin Claire Thill invitéiert op d’Performance “Apoplexie” an de Kasemattentheater. Performance? Éischter Live-Hörspill, respektiv eng Opféierung tëschent Theater, Musek a Klangwelten. Am Zentrum steet eng Fra, déi mat Verloscht, hiren Erënnerungen, bannenzege Changementer konfrontéiert ass. D’Stéck ass vun der Philharmonie...
25 min
27 November 2025
14 min
26 November 2025
Dem Claire Barthelemy säi KI-Guide
Et gëtt den Ament vill doriwwer diskutéiert, wat fir een Afloss Kënschtlech Intelligenz op d‘Aarbechtswelt, d‘Konscht an d‘Gesellschaft huet. Mee wéi erkennt een eigentlech KI-Biller a Videoen? A wéi kann ee sech géint Manipulatioun wieren? D‘Claire Barthelemy huet Tuyauen.
4 min
26 November 2025
KI a Konscht: Kënschtler:innen hunn d'Wuert
Eise Kulturminister Eric Thill wëllt sech verstäerkt fir eng mënschlech Kulturpolitik am digitalen Zäitalter asetzen. Fir hie kann déi Kënschtlech Intelligenz op kee Fall eisen Imaginär ersetzen, mee richteg agesat an duerch Richtlinnen encadréiert, e Katalysator si fir Ausdrocksméiglechkeeten an Innovatioun ze stimuléieren. Aus dësem Grond ass am Kulturministère e Wäissbuch fir e responsabelen...
28 min
25 November 2025
Adriano Selva: "Amour moderne" an EP
De Geescht vun der italieenescher Serenad beséilt dem Adrano Selva seng nei Single “Amour moderne” … Mee modern ass den Titel och. A Verbindung mam franséischen Text gesäit ee sech och un den Aznavour erënnert - Modern mat groussem M also. Dat ass keen Zoufall: déi kommend EP, déi de Lëtzebuerger Popmuseker am Februar erausbrénge soll, ass ganz op grouss Gefiller aus, wéi ee se aus der Chanson...
24 min
25 November 2025
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
8 min
24 November 2025
Albumkritik: Lausse the Cat - The Mocking Stars
Eng zweete Kéier huet sech de Schleier gehuewen, oder vläicht de Rideau, deen Abléck an d’Welt vum brittesche Rapper Lausse the Cat gewiert. Zanter senger éischter Plack 2018, “The Girl, the Cat and the Tree”, gëtt gepëspert iwwer neit Material, iwwer déi persistent Fro, wien de Lausse iwwerhaapt ass, an iwwer een Numm, deen a villen Ecke vum Ënnergrond wéi eng Legend ausgeschwat gëtt.
3 min