Ravel a Pärt
09 September 2025

Ravel a Pärt

Klassik aktuell

About
Wéi kéint ee besser engem Komponist säi Gebuertsdag feieren, wéi mat engem Concert, deen him gewidmet ass? Genee dat ass dëse Summer de Fall, an net just fir ee Komponist, mee direkt fir zwee: de Maurice Ravel an den Arvo Pärt feieren allebéid e ronne Gebuertsdag.

Fir dem Ravel seng 150 Joer gëtt et ee Concert ze héieren, dee fir den Ulass vum Internationale Pianofestival an der Provence gespillt gouf. De Philharmoneschen Orchester vun Nice huet e Programm gespillt, dee gefëllt mat Musek vum franséische Komponist war. Als Solist souz de Fransous Bertrand Chamayou um Fligel. Hien huet ënner anerem de Piano Concerto a Sol Majeur gespillt, mee och de faméise “Boléro” gouf et an der Provence ze héieren.

Nach e bësse méi besonnesch ass de Concert fir den Arvo Pärt. Hien ass ee vun de wéinege weltwäit bekannte Komponisten, deen nach lieft, an domadder ass säin 90. Gebuertsdag en aussergewéinleche Moment fir déi klassesch Musek. Fir dëse Gebuertsdag huet den Estonian Philharmonic Chamber Choir e spirituelle Concert am Kader vum Fréijoers-Museksfestival zu Prag op d'Bee gesat. Als Solistinne waren d'Kadri Toomoja op der Uergel, an d'Annika Lohmus als Sopranistin ze héieren. Wéi ee vum Pärt gewinnt ass, stoung och dëse Programm ganz am Zeeche vum Glawen, der Rou an der spiritueller Déift.

Ze lauschtere ginn et dës zwee Programmer an der Online-Mediathéik vum opus.