150. Doudesdag vun der Louise Farrenc
15 September 2025

150. Doudesdag vun der Louise Farrenc

Klassik aktuell

About
Haut ass den 150. Doudesdag vun der Louise Farrenc, gebuere Jeanne-Louise Dumont. Dono huet si de Nonumm vun hirem Mann ugeholl, deen si mat nëmme 17 Joer bestuet huet.
Gebuer gouf si zu Paräis, an opgewuess ass si am Kënschtlermilieu. Dat huet et hir dann och erlaabt, Kueren an der Kompositioun an an der Instrumentatioun ze huelen. Dat war nämlech eppes wat fir Fraen zu där Zäit éischter onüblech war.
Si war eng ganz renomméiert Komponistin an awer och eng grouss Virtuosin um Piano. Am 19. Joerhonnert hate vill Frae Schwieregkeeten, déi selwecht Rechter wéi Männer ze hunn – an dat war och bei dëser Komponistin de Fall. Si war 30 Joer laang erfollegräich Professerin um renomméierte Conservatoire zu Paräis – an si ass awer bei Wäitem net esou vill bezuelt gi wéi hir männlech Aarbechtskolleegen.
Net nëmme si selwer ass ganz berüümt ginn, mee si huet dat och hire Schülerinnen a Schüler erméiglecht. Dorënner waren hir eegen Duechter Victorine Farrenc an den Ernest Reyer, ee berüümten Operekomponist.