
About
Ee Komplott an der Stolindustrie, een zynescht Post-7-Oktober-Israël an alt nees ee Weltënnergang: wärend "Exile" vum Mehdi Hmili, "Project Hail Mary" vun Phil Lord a Christopher Miller a "Yes" vum Nadav Lapid Biller vun engem akopalyptesche Präsent an enger nach méi apokalyptescher Zukunft weisen, bréngt "Calle Malaga" vun der Maryam Touzani als eenzege Film vun enger Realisatrice dës Woch e bëssen Optimismus an eis Selectioun – wann och en Optimismus, dee voller Nostalgie fir d’Vergangenheet ass.