Ried vum Premier Luc Frieden am Europaparlament
11 October 2025

Ried vum Premier Luc Frieden am Europaparlament

Europa Aktuell

About
D’Europäesch Unioun muss Bürokratie ofbauen - dat sot de Premier Luc Frieden den Dënschdeg am Europaparlament.
Hie war dohin invitéiert ginn, fir iwwert d’Zukunft vun Europa ze debattéieren.
Och de Xavier Bettel hat deen Exercice a senger Amtszäit als Lëtzebuerger Regierungschef zwee Mol gemaach. Deemols stoung allerdéngs d’Lëtzebuerger Steierpolitik méi am Mëttelpunkt ewéi beim Débat vun haut - D’Danièle Weber iwwert deen éischten Optrëtt vum Luc Frieden als Premier am Europaparlament.