
About
Frankräich kënnt net zur Rou. Alt nees muss e Premier no enger kuerzer Amtszäit a wéinst dem Budget goen. Néng Méint war de François Bayrou am Amt, gëschter Owend krut hie bei der Vertrauensfro keng Majoritéit a wäert elo de Moie beim President Emmanuel Macron seng Demissioun areechen. Frankräich kritt deemno säi fënnefte Premier bannent zwee Joer.