About
Dat wat déi Europäesch Kommissioun mat den USA ofgemaach huet, wier net genial, mee akzeptabel - esou hat de Premier Luc Frieden déi lescht Woch den Accord iwwer Douanestaxe kommentéiert. Am Europaparlament awer gëtt d'Kritik iwwer deen Deal ëmmer méi haart. D'EU hätt just dem Drock vun den USA noginn, seet de President vun der parlamentarescher Handelskommissioun, de Bernd Lange.
Keen eenzegt Land ass besser dovu komm - hält d’Sabine Weyand, eng vun de Chef-Negociateure vun der EU-Kommissioun dergéint. Si stoung virgëschter den EU-Deputéierte Ried an Äntwert a krut do vill Géigewand.
Ass d’Europaparlament deemno prett, den Deal ze kippen? Explikatioune vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber