zeno
Home
Explore
Religious
Music
News
Podcasts
Bible
By Genre
By Location
By Language
Download App
Log in
Sign up
Toggle Sidebar
zeno
radio 100,7
Europa Aktuell
News
Luxembourgish
Hannergrënn iwwer déi europäesch Aktualitéit, vun eise Journalisten a Bréissel-Korrespondenten. An Zesummenaarbecht mam Reseau Euranet Plus
Website
Episodes
50
13 October 2025
Frankräich huet nees eng néi Regierung
Frankräich huet net nëmmen en neien ale Premier mee zanter gëschter Owend och nees eng Regierung, déi haut d’Amt iwwerhëlt an eng schwéier Missioun untrëtt: e Budget duerch d’Parlament kréien a sech méi laang am Amt hale wéi déi dräi Regierunge virun hier. D’Oppositiounsparteien LFI an RN wëllen awer haut schonn e Mësstrauensvote areechen.
5 min
11 October 2025
Ried vum Premier Luc Frieden am Europaparlament
D’Europäesch Unioun muss Bürokratie ofbauen - dat sot de Premier Luc Frieden den Dënschdeg am Europaparlament. Hie war dohin invitéiert ginn, fir iwwert d’Zukunft vun Europa ze debattéieren. Och de Xavier Bettel hat deen Exercice a senger Amtszäit als Lëtzebuerger Regierungschef zwee Mol gemaach. Deemols stoung allerdéngs d’Lëtzebuerger Steierpolitik méi am Mëttelpunkt ewéi beim Débat vun haut -...
5 min
09 October 2025
Bis muer den Owend wäert de franséische President en néie Premier nennen
Bis muer den Owend also wäert de franséische President Emmanuel Macron en néie Premier nennen. Dat nodeems de Sébastien Lecornu, dee jo um Méindeg demissionéiert hat, 48 Stonne laang mat de verschiddene Parteien diskutéiert hat fir en Auswee aus der politescher Stagnatioun ze fannen an dee schéngt hien och fonnt ze hunn. Op mannst sot hie gëschter op France 2 datt et eng kléng Majoritéit fir e...
5 min
07 October 2025
Analyse mat eisem Paräis-Korrespondent: Frankräich kënnt net zur Rou
Frankräich kënnt einfach net zur Rou. No der iwwerraschender Demissioun vum Premier Sébastien Lecornu gëschter steet d’Land alt nees ouni Premier a Regierung do an de Wee aus der politescher Kris gëtt ëmmer méi schwéier ze fannen. De President Emmanuel Macron huet de Lecornu beoptraagt bis e Mëttwochowend lescht Gespréicher ze féiere fir awer nach eng Léisung ze fannen.
4 min
01 October 2025
Informellen EU-Sommet: Unanimitéit steet zur Diskussioun
Um Ordre du jour vum informelle EU-Sommet zu Kopenhagen steet eng Diskussioun doriwwer, wéi ee kann der Ukrain dat agefruerent russescht Staats-Verméigen zoukomme loossen an doriwwer, wéi d’Ukrain kann am Prozess fir Member vun der EU ze ginn, ee Schratt virukommen. Béid Sujete sinn ëmstridden, mee fir béides brauch een an der EU d’Unanimitéit. A fir se opzehiewen och. D'Danièle Weber iwwer deen...
7 min
27 September 2025
Wéi déi europäesch Riets-Extreem den Charlie Kirk zu engem Märtyrer maachen
E puer Wochen nom Attentat op den Charlie Kirk probéieren och déi europäesch Riets-Extreem den Doud vum ëmstriddenen US-Amerikaner fir hir Zwecker ze notzen. Dat mengt den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF a senger neister Chronik.
4 min
20 September 2025
Dem Mario Draghi säi Rappell
Déi europäesch Wirtschaft géif nach ëmmer ze lues dréien - dee Constat huet dee fréieren EZB-Chef Mario Draghi dës Woch gemaach. An zwar net fir d'éischt.
3 min
18 September 2025
Dialog tëschent Lëtzebuerg a Frankräich fällt op en Neits aus
Zanter 2011 kommen déi Lëtzebuerger an déi franséisch Regierung all Joer fir eng Commission intergouvernementale zesummen. Gëschter hätt et souwäit solle sinn, just a Frankräich gëtt et den Ament keng Regierung, also gouf dës Reunioun verluecht. De Problem ass, datt dat schonn d’lescht Joer de Fall war, esou datt wichteg Sujeten op Äis leien.
3 min
12 September 2025
Brasilien: De Prozess géint de Bolsonaro
De fréiere brasilianesche President Bolsonaro soll e Staatsstreech geplangt hunn a steet elo viru Geriicht. De Jean-Claude Gerez aus Brasilien gëtt Detailer.
5 min
11 September 2025
Bleift d’Regioun Bréissel nach laang ouni Regierung?
Viru 15 Méint waren an der Belsch Regionalwalen, mee Haaptstadregioun huet nach ëmmer keng Regierung zesumme kritt. Ee grousse Problem fir de Veräinssecteur erkläert d'Aghate Cherki.
5 min