Skip to content
zeno
Create a Station
Explore
Podcasts
Audiobooks
Bible
By Genre
By Location
By Language
Religious
Music
News
Download App
Opens in a new window
Toggle Sidebar
zeno
Baschti, Philippe a Joe
Erklär&Laach
Comedy
Luxembourgish
Zimlech iwwerflëssege Podcast, mee iergendwéi ëmmer nach net gecancelt.
Mat den dräi Idioten vun Duck Féiss.
Website
Episodes
Episodes
154
19 October 2026
Ep.142: Duck Féiss Revival mam Argent Difficile
De bis elo réischt 3. Gaascht an der joerdausenden aler Geschicht vun eisem Podcast ass e Mann wéi e Molotov-Cocktail - den Argent Difficile. Bekannt als Tiktok-Geess huet hie mat sengem Stream viru kuerzem ugefaang, Duck-Féiss-Watchparties ze feieren an sou dat aalt Comedy-Wëssen un déi kommend Generatioune virunzeginn. Bei deem Bildungsoptrag hëllefe mir natierlech gär aus a qualifizéieren eis...
1 h 4 min
05 October 2026
Ep.141: Methadon fir RTL-Kommentarer
Wien den däischtere Sumpf vun den RTL-Kommentarer vermësst, deen ass hei op der richteger Plaz: Mat populistesche Schenkelklopfer wéi "Souguer dat huelen se eis fort!", oder dee beim Kolleg Max Feller beléifte Sproch "Dat war bestëmmt e Franzous!" (Quell vun dëser Info: D'Zeitung "Land", mir iwwerhuele keng Responsabilitéit) kritt hei de rosenen an/oder verzweifelte Volleksmember dat, wat an den...
1 h 4 min
21 September 2026
Ep.140: Vum falsche Wee ofkomm
Et ass Erklär&Rentrée. Mir hunn eis am Fong bedeckt gehalen, fir net mat de PISA-Resultater a Verbindung bruecht ze ginn, mee lo si mir wéi e schwéire Fall vun Herpes awer nees ongewollt zréckkomm. Kommt mir maachen dat bescht draus...
1 h 10 min
27 July 2026
Ep.139: End of Season Party
Fir den Ofschloss vun der Saison an den Ofschoss vum Summer ze feieren, stierze mir eis an d'Vakanzentipps, déi dir onbedéngt nach fir déi kommend Woche braucht.An no der Fold stierze mir eis direkt an de Summerschlof, dee mat Dom Pérignon a Wachteleeër standesgemäss erbäigefouert gëtt. Vill Spaass, a bis am Hierscht!DK HMDL, är 3 Idiote vun der Tankstell
51 min
13 July 2026
Ep.138: Schwaarzt Summerlach
Canicule? Technesch Problemer? Politesch sensibel Themen?Ass eis alles egal. Mir maachen et sou, wéi eisen Här, den T the Boss, et schonn ëmmer gepriedegt huet: Mir bleiwe staark, mir ginn eise Wee.Mat Themen vun A wéi Fifa-Skandal bis Z wéi Zäppchen ass nees fir vill onnëtzt Hallewwësse gesuergt. Dofir sti mir mat eisem Numm.
1 h 4 min
26 June 2026
Ep.137: Noutfallbetrib wéinst Iwwerhëtzung
Lëtzebuerg schweesst sech duerch d'Hëtzt, a mir leeën nach e puer déck Stécker Holz op d'Feier: De Pippo zielt vu sengem Aura Farming um Nationalfeierdag, de Joe seet der ganzer Welt Merci (?!) an de Baschti ass weiderhinn keen nationale Fussballheld. Dozou geselle sech weider Themen, déi fir en Hëtzschlag suerge kënnen.
1 h 2 min
08 June 2026
Ep.136: Weltmeeschterschaft vun den Abseitsfalen
Zu Éiere vun der Fussballweltmeeschterschaft gëtt iech d'Erklär&Orakel eng 100% zouverlässeg Ausso, wien d'Coupe gewënnt. Genee sou héich ginn och dem Baschti seng Chancen ageschat, fir sech um Gala-Derby mat de Lëtzebuerger Allstars ze blaméieren. De Pippo setzt sech vehement fir eng permanent Abseitsfal an & versuergt eis mat enger Prise Informatioun. An de Joe ass wéi gewinnt och do.
58 min
25 May 2026
Ep.135: Blanne Jang Grindset
Eng Péngschtmass to go - mat Grillrankings, Muskbashing an dem Joe senger vertrauter "Jérémy!"-Routine. De Summer kënnt mat Vollgas op de Grand-Duché duer a mir probéieren nach emol all déi wichteg Saachen unzeschwätzen, déi ee wësse muss, befier et lassgeet mat den Open-Air-Festivals, Grillfester a Bukkakeorgien.
47 min
12 May 2026
Ep.134: Kollektiv kulturelle Komedyworkshop
Direkt no engem sportlechen Exploit (en Tournage, de vollen Ausmooss vun dëser Peinlechkeet gesitt dir geschwënn) setze mir eis zesummen, fir Drock ofzeloossen. Tëscht Robofësch a Summerpläng fanne mir net esou richteg e Ventil - bis sech déi wuel bescht Plattform fir Diskussiounen opmécht: modern Konscht. Mir vertrieden all Meenungen, vum Konschthistoriker bis bei een, dee Konscht héchstens aus...
1 h 10 min
28 April 2026
Ep.133: Hamster am Goldfëschglas
An enger Welt, déi ze vill Tempo huet, suerge mir mat Léift fir Entschleunegung.De Joe weist seng Allüren als Schauspiller, déi hie konsequent duerchgezunn huet.Mir droppen eng wëssenschaftlech Etude iwwer Begrëffer fir de Genoss vun alkoholesche Liewensmëttes. An de Pippo test seng nei Rubrik an hëlt eis bei der Hand, fir den alldeegleche Wahnsinn ze verschaffen.
1 h 6 min