zeno
Create a Station
Explore
Religious
Music
News
Podcasts
Bible
By Genre
By Location
By Language
Download App
Toggle Sidebar
zeno
Baschti, Philippe a Joe
Erklär&Laach
Comedy
Luxembourgish
Zimlech iwwerflëssege Podcast, mee iergendwéi ëmmer nach net gecancelt.
Mat den dräi Idioten vun Duck Féiss.
Website
Episodes
143
23 March 2026
Ep.131: Domm gelaf
Eng Podcastfolg wi e Marathon fir d'Oueren: Et geet motivéiert un, mee et mierkt ee séier, dass et sech an d'Längt zitt. An de Schluss ass richteg haart (Insert Joe Joke here).Mir schwéngen eis wi den Tarzan mat eise rethoresche Lianen duerch den Themen-Dschungel, vun der geopolitescher Weltlag, iwwer Laf-Kontroversen rondrëm de Bobfit, bis bei - jo tatsächlech - e puer faktesch korrekt Fun...
57 min
02 March 2026
Ep.130: Aaschbomm mam Raphael Stacchiotti
An dëser Folg sprange mir mat iech vum Beckerand per Bauchklatscher an dat kaalt Waasser: Fir d'zweete Kéier an der Geschicht vun eisem Podcast hu mir e Gaascht an eis Gruppendusch invitéiert. An et ass een, dee mir säit eisen Ufäng (mir hunn eist Podcast-Séipäerdchen 2019 gemaach) schonn ëmmer wollten dobäi hunn:Riets geet natierlech vum Pool-Philosoph, Welleflüsterer an net ze vergiessen...
1 h 10 min
04 February 2026
Ep.129: Awer nees an d'Suckel kritt
Obwuel eise spirituelle Guide, de Mischo-San, eis mat senger onedlecher Weisheet gewarnt huet ("Genuch an d'Suckel kritt", huet hie geschwat), hu mir net gelauschtert. Mir zielen eis Klepperei-Geschichten, déi net vu gloräichen Zäite bezeien, mee eng Metapher sinn fir d'Vegänglechkeet vum Liewen. Genau sou wéi e puer aner wouer Geschichten, déi mir iech an dëser Episode verzielen. Plus natierlech...
57 min
19 January 2026
Ep.128: Genuch an d'Suckel kritt
Zwou Wochen. Dat ass anscheinend genuch Zäit am Joer 2026 fir d'Welt komplett op d'Kopp ze stellen. Vu Venezuela iwwer Grönland bis an den Iran gouf am neie Joer direkt mat der geopolitescher Bazooka geschoss, wärend mir 3 nach am wuelege Wanterschlof waren.Mee de Podcast mat Primärschoulniveau ass lo nees do an dréit zum Chaos™️ bäi. Kommt mat eis an en auditiivt Wonnerland, wat alles bitt: Vun...
1 h 5 min
23 December 2025
Ep.127: Äddi 2025
- Guerilla sponsored by Luxlait (dat heescht si wëssen nach näischt vun hirem Gléck -Fir den Ofschloss vum Joer fir jiddereen e bëssi manner ronn ze maachen, melle mir eis nach eng leschte Kéier, direkt virun de Feierdeeg. Wann dir also an den nächsten Deeg bei äre "Léifsten" um Dësch sëtzt, dem Food-Koma schonn no, a keng Loscht méi hutt op e besënnlecht Mateneen, dann ass hei är Chance....
1 h 6 min
08 December 2025
Ep.126: TAUMEL Awards 2025
Et ass nees Zäit fir de grousse Joresréckbléck an d'Verdeelung vun de prestigeträchtegsten Awards an der Groussregioun. D'TAUMEL Gala bitt dëst Joer nees déi albekannt Kategorien wéi de Vull vum Joer, awer och Neies, wéi de beschte Fetish. Ditt äre feinsten Zwirn un a kuckt mat eis zréck op e méi wéi duerchwuessent Joer!
1 h 16 min
01 December 2025
Ep.125: Synapsekierfecht
Pünktlech fir d'Adventszäit kënnt Neies vun den dräi Bouwen, deenen hir Schaukel als Kanner ze no un der Mauer stoung. Mir maachen de Rapport d'activité vum Joer 2025 a kucken an engems no vir: Wat gëtt et dëse Wanter zu Lëtzebuerg ze dinn, wéi kann een an der Belle Etoile vun deene beschte Präisser profitéieren (oder net), a virun allem: Wat huet et mam Ben Olinger Phänomen op sech?
1 h 3 min
10 November 2025
Ep.124: Wat ass déi beschte Stad am Land?
Häerzlech Wëllkomm zréck bei den Haupeschbléiser ënnert de Lëtzebuerger Podcasts. Mir hunn eng ganz speziell Folleg fir iech, frësch aus dem Schäffchen an nach gutt waarm: Tëscht Haftbefehl-Mania an neien New Yorker Buergermeeschteren hu mir och eng Prise vun deene wierklech wichtege Sujete mat an d'Mëschung gebak: Wat ass eigentlech déi beschte Stad vum Land?
59 min
27 October 2025
Ep.123: How do you do, fellow kids?
Iergendwéi si mir duerch eis altersbedéngt Ersatzgebësser net méi um Zannt vun der Zäit. Wat ass geschitt? Wéini hu mir opgehal, jonk an domm ze sinn, an ugefaang, al an domm ze sinn?Wéi bei enger zolitter Quarter Life Crisis loosse mir eis dat net soen a probéiere verbass, fir nees Uschloss un d'Jugend ze fannen. Dir kënnt dat lo cringe fannen, mee wann dir dat Wuert nach benotzt, sidd dir och...
39 min
15 October 2025
Ep.122: Ass de Guillaume de GOAT Lëtzebuerger?
Den Durex ënnert de Lëtzebuerger Podcasten ass wi ëmmer der Zäit viraus a bitt perfekte Schutz: Mir halen eis un dat neit Mediegesetz, éier et iwwerhaapt a Kraaft getrueden ass. Dofir schwätze mir an dësem Podcast nëmmen iwwer rechtlech konform Themen: Alles, wat d'Regierung richteg mécht, firwat de Grand-Duc esou fantastesch ass, a wat mir un eiser Lëtzebuerger Grammaire gutt fannen. Ooooder mir...
1 h 2 min