About
An dëser Episod schwätze mir iwwer d’Fraen-WM an d’Entwécklung vum Fraesport. D’Fraen stoungen am Virdergrond, d’Stadien ware gefëllt an d’Interesse vu Fans a Zuschauer war grouss. An awer weisen e puer Kommentarer, datt d’Diskussioun ëm d’Investitiounen an de Fraesport nach laang net eriwwer ass.
Firwat gëtt nach ëmmer betount, datt am Dammesport manner investéiert gëtt wéi bei de Männer? A wat seet dat iwwert d’Wäertschätzung an d’Entwécklung vum Fraesport aus?
Mir schwätzen iwwer d’Fraen-WM, d’Präsenz vun de Fans, d’Investitiounen an den Ënnerscheed tëscht Männer- a Fraesport – an och doriwwer, firwat esou Kommentarer nach ëmmer d’Ronn maachen.