Opens in a new window
Episode 19: Ouni Club – Wéi geet een domat ëm?
24 July 2026

Episode 19: Ouni Club – Wéi geet een domat ëm?

Coachseet

About

An dëser Episod schwätzt d'Maggy driwer iwwer eng vun de schwieregste Phasen an hirer Karriär. Nodeems mir an der leschter Episod kuerz ugedeit haten, datt si hire Club verléisst, geet et dës Kéier méi an den Detail.

Wéi ass et, ouni Club an eng nei Saison ze goen? Wéi vill Drock mécht esou eng Onsécherheet mental? A wéi bleift een motivéiert, wann d'Zukunft nach net feststeet?

D'Maggy erzielt oppen iwwer hir aktuell Situatioun, d'Erausfuerderungen, déi domat verbonne sinn, an hir Hoffnungen op dat, wat nach kënnt. Eng éierlech a perséinlech Conversatioun iwwer de Basketball, mental Gesondheet an d'Realitéit hannert dem Sport.